Svoboda | Graniru | BBC Russia | Golosameriki | Facebook
Op den Inhalt sprangen

Prager Fréijoer

Vu Wikipedia
Prag nom Amarsch: Awunner mam tschechoslowakesche Fändel virun engem sowjetesche Panzer, dee brennt.

Prager Fréijoer (Tschechesch: Pražské jaro, Slowakesch: Pražská jar) gëtt déi Period genannt, wärend där an der Tschechoslowakei tëscht Januar an August 1968, d'Kommunistesch Partei vun der Tschechoslowakei (KSČ, op Lëtzebuergesch KPČ) ënner dem Alexander Dubček sech dru gemaach huet, e Liberaliséierungs- an Demokratiséierungsprogramm duerchzesetzen, souwéi och den Afloss an d'Opgräife vun deem Programm duerch d'Bevëlkerung.

An engem Aktiounsprogramm vum 15. Abrëll 1968 goufen Ziler festgehalen, bei deenen et engersäits drëm goung, eng Wirtschaftsreform anzeleeden, fir amplaz vun engem streng zentralistesch a plangwirtschaftlech strukturéierte System, méi Eegeninitiativ a Konkurrenz zouzeloossen, a sou der ekonomescher Stagnatioun en Enn ze setzen; anerersäits sollt e Sozialismus mat mënschlechem Gesiicht (tschechesch: socialismus s lidskou tváří) erméiglecht ginn, zu deem méi gesellschaftlech an individuell Fräiheete gehéiert hunn. Sou goufe bis dohi 'verpöönt' Auteuren nees zougelooss, der slowakescher Regioun gouf méi Autonomie an Aussiicht gestallt, asw. Schonn am Februar war d'Pressezensur opgehuewe ginn. De 27. Juni 1968 gouf d'„Manifest vun den 2000 Wierder“ publizéiert, an deem Wëssenschaftler a Schrëftsteller d'„Iertemer vum Sozialismus“ opgezielt a kritiséiert hunn. Et gouf vun der Pravda als „Beweis“ zitéiert, datt ewell „konterrevolutionär“ Kräfte sech ëmmer méi an der Tschechoslowakei ausbreede géifen. Moskau huet dunn Drock op d'Regierung gemaach, fir datt déi sech mat hire Reformen sollt zeréckzehalen. Et gouf mat enger militärescher Interventioun vum Warschauer Pakt gedreet. Déi huet sech dann och geschwë realiséiert:

Sowjetesch Tanksen op der Prager Alstadplaz.

An der Nuecht op den 21. August 1968 hunn d'Truppe vum Warschauer Pakt (ouni déi vun der DDR a Rumänien) dem „Prager Fréijoer“ e stënterlecht Enn gesat: Ënner der Féierung vun der Sowjetunioun si ronn eng hallef Millioun Zaldoten an d'Tschechoslowakei amarschéiert, d'Militär huet Schlësselpositiounen besat, den Dubček gouf festgeholl an no e puer Deeg Protester a Stroossekämpf, bei deenen et ronn 150 Doudeger gouf (98 Tschechen a Slowaken, a 50 Besatzungszaldoten), ass lues a lues Rou agetrueden, déi eng nei Phas, „Normalisatioun“ genannt, agelaut huet. All Reforme goufen nees réckgängeg gemaach.

Weider Konsequenze vum Néierschloe vum Prager Fréijoer waren, datt iwwer 100.000 Leit, meeschtens Fachaarbechter an Intellektueller, emigréiert sinn, an eng hallef Millioun Memberen, aus der KSČ erausgehäit goufen. De 16. Januar 1969 huet sech de Student Jan Palach aus Protest op der Wenzelsplaz verbrannt, grad wéi de 25. Februar 1969 de Jan Zajíc.

Den Numm Prager Fréijoer geet op e Museks- a Kulturfestival zeréck, deen et scho laang virun 1968 zu Prag gouf an nach ëmmer gëtt.

  • Stefan Bollinger: Dritter Weg zwischen den Blöcken – Prager Frühling 1968. Hoffnung ohne Chance. Trafo, Berlin 1995, ISBN 3-930412-78-0.
  • Reinhard Veser: Der Prager Frühling 1968. Landeszentrale für politische Bildung Thüringen, Erfurt 1998, ISBN 3-931426-22-X; 2., überarbeitete Auflage 2008, ISBN 978-3-937967-31-8.
  • Martin Schulze Wessel: Der Prager Frühling: Aufbruch in eine neue Welt. Reclam, Ditzingen 2018, ISBN 978-3-15-011159-8.
Commons: Prager Fréijoer – Biller, Videoen oder Audiodateien