Departement Bouches-du-Rhône
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bouches-du-Rhône (13) | |
---|---|
Regioun | Provence-Alpes-Côte d'Azur |
Prefecture | Marseille |
Ënnerprefecture | Aix-en-Provence Arles Istres |
Bevëlkerung | 1 906 000 Aw.(2005) |
Fläch | 5 087 km² |
Arrondissementer | 4 |
Kantonen | 29 |
Gemengen | 119 |
D'Bouches-du-Rhône (13) ass e franséischt Departement an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur.
Geschicht
ännerenDen Departement gouf wärend der franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 (Gesetz vum 22. Dezember 1789) geschaf. Deemools hunn d'Distrikter Orange an Apt och nach zu de Bouches-du-Rhône gezielt. Déi goufen awer den 12. August 1793 an deen neigeschafen Departement Vaucluse integréiert.
Geographie
ännerenDen Departement Bouches-du-Rhône gehéiert zur franséischer Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur. E grenzt un d'Departementer Gard, Vaucluse a Var.
Gréisst Stad:
- Marseille, Prefecture vum Departement a vun der Regioun
Aner Stied:
- Aix-en-Provence, Ënnerprefecture
- Aubagne
- Arles, Ënnerprefecture
- Cassis
- Cuges-les-Pins
- Salon de Provence
- Istres, Ënnerprefecture
- Marignane
- Martigues
- Vitrolles
Wichtegst Waasserleef:
Bierger:
Bevëlkerung
ännerenD'Awunner gi les Buccorhodaniens genannt..
Laut de Vollekszielunge vun 2004 an 2005 huet den Departement 1 906 000 Awunner. D'Gemenge Marseille: 820 900 Awunner, Aix-en-Provence: 140 100 Awunner, Martigues: 45 400 Awunner, Arles: 52 600 Awunner
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: les Bouches-du-Rhône – Biller, Videoen oder Audiodateien |