Svoboda | Graniru | BBC Russia | Golosameriki | Facebook

Brigitte Bierlein

éisträichesch Politikerin a Juristin

D'Brigitte Bierlein, gebuer de 25. Juni 1949 zu Wien an och do gestuerwen den 3. Juni 2024, war eng éisträichesch Juristin, fréier Verfassungsriichterin a Politikerin (ouni Partei). Si war vum 3. Juni 2019 bis de 7. Januar 2020 Bundeskanzlerin vun der Republik Éisträich.

Brigitte Bierlein
Gebuer 25. Juni 1949
Wien
Gestuerwen 3. Juni 2024
Wien
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Riichter, Jurist, Politiker
Partei keng

D'Brigitte Bierlein war vun 1990 bis 2003 Procureur général beim Ieweschte Geriichtshaff. Vun 2003 bis 2018 war si Vizepresidentin vun der éisträichescher Cour constitutionnelle a vum 23. Februar 2018 bis den 2. Juni 2019 där hir Presidentin.

Den 30. Mee 2019 huet de Bundespresident Alexander Van der Bellen si domat chargéiert, eng Iwwerganksregierung ze forméiere bis d'Neiwalen am Hierscht 2019, an dat, nodeems d'Parlament, den Nationalrat, dem Sebastian Kurz senger Regierung d'Mësstrauen ausgeschwat hat, well dës, no der Ibiza-Affär, ouni de Koalitiounspartner FPÖ an der Minoritéit war.

Gielercher

änneren
  •   Großes Goldenes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich[1].

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Brigitte Bierlein – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten