Svoboda | Graniru | BBC Russia | Golosameriki | Facebook
Transfiguration pending
Op den Inhalt sprangen

Véronique Linster

Vu Wikipedia
Véronique Linster
Gebuer 13. Juni 1968
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sportler
Gréisst 168 cm
Gewiicht 56 kg
Kompetitiounsklass Liichtathleetik
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1996
Famill
Bestuet mat Frank Arendt

D'Véronique Linster, gebuer den 13. Juni 1968[1], ass eng fréier lëtzebuergesch Liichtathleetin an Olympionickin.[2]

D'Véronique Linster huet hir Sportskarriär am Sprint a Wäitsprong an der Spora ugefaangen, wou se 1982 hir éischt Lizenz krut. Wärend hirem Studium zu Léiwe fir Sportprofessesch ze ginn, huet si sech ëmorientéiert an huet Siwekampf gemaach (an deem se zäitweis de Landesrekord gehalen huet) an duerno huet se Hürdensprint gemaach.

Si huet 1994 op der Liichtathleetik-Europameeschterschaft zu Helsinki an 1995 op der Weltmeeschterschaft zu Göteborg matgemaach. An der Preparatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1996 zu Atlanta hat si Problemer fir d'COSL-Norm vun 13''40 fir 100-m-Hürden z'ënnerbidden. Si gouf schlussendlech qualifizéiert, obwuel hir eng Honnertstelsekonn gefeelt huet.

D'Véronique Linster koum zu Atlanta ënner 44 Konkurrentinnen aus 28 Natioune mat enger Zäit vun 13''47 an der Serie op d'Plaz 6 a war domat eliminéiert.[4]

Internationale Palmarès
Joer Manifestatioun Stad / Land Plaz Kompetitioun Zäit
1985 Spiller vun de klenge Länner Serravalle, San Marino 2. 4 × 100 m Staffel 49.29
1989 Spiller vun de klenge Länner Nikosia, Zypern 3. 4 × 100 m Staffel 48.28
1993 Spiller vun de klenge Länner Malta 3. 100 m 12.25
3. 100 m Hürden 14.42
1994 Jeux de la francophonie Bondoufle, Frankräich 9. 100 m Hürden 13.61
Liichtathleetik-EM Helsinki, Finnland 26. 100 m Hürden 13.68
1995 Spiller vun de klenge Länner Lëtzebuerg, Lëtzebuerg 1. 100 m 11.80
2. 100 m Hürden 13.45
Liichtathleetik-WM Göteborg, Schweden 30. 100 m Hürden 13.74
1996 Olympesch Spiller Atlanta,  USA 36. 100 m Hürden 13.47
1997 Liichtathleetik-Hale-WM Paräis, Frankräich 21. 60 m Hürden 8.37

Beruff a Privates

[änneren | Quelltext änneren]

Vu September 1995 u war si Sportsproff am LTMA zu Péiteng a vu Mäerz 2014 bis 2022 Presidentin vum Conseil supérieur des sports zu Lëtzebuerg[5].

D'Véronique Linster ass mam Basketballspiller Frank Arendt bestuet; d'Koppel huet zwee Bouwen(Stand: 2008)[6].


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr)NAISSANCES. Luxemburger Wort, 121. Jg., n° 167/168, p. 13. (15.06.1968). Gekuckt de(n) 18.06.2024.
  2. D'Véronique Linster op der Websäit vu sports-reference.com
  3. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 62-63. ISBN 978-2-9599734-5-1
  4. D'Veronique Linster op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  5. (fr)Arrêté ministériel du 6 juin 2018 portant nomination des membres du Conseil Supérieur des Sports pour un nouveau mandat de 4 ans. data.legilux.public.lu (06.06.2018). Gekuckt de(n) 18.06.2024.
  6. (de)Die Genießerin. Revue, p. 52. (02.08.2008). Gekuckt de(n) 18.06.2024.