Svoboda | Graniru | BBC Russia | Golosameriki | Facebook
Transfiguration pending
Op den Inhalt sprangen

Vendresse

Vu Wikipedia
Vendresse
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Ardennes
Arrondissement Charleville-Mézières
Kanton Nouvion-sur-Meuse
Postcode 08160
Gemengecode 08469
Koordinaten 49° 36’ 17’’ N
      04° 47’ 41’’ O
Fläch  4 322 ha
Bevëlkerung  494 (2010)

Vendresse ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Ardennes an der Regioun Grand Est.

D'Uertschaft ass iwwer zwou Departementsstroossen un de Stroosseverkéier ugeschloss, an zwar d'D333 an d'D12.

Bis uganks vum Zweete Weltkrich war Vendresse iwwer zwou Schmuelspuerbunnen un d'franséischt Eisebunnsnetz ugeschloss. Um Territoire vun der Gemeng waren dräi Halten an zwar Terron-lès-Vendresse a Vendresse op der Streck vu Poix-Terron op Raucourt an eng zu La Cassine op der Streck fir op Le Chesne.

Schëffsverkéier

[änneren | Quelltext änneren]

De Canal des Ardennes mécht d'Verbindung tëscht dem Canal de la Meuse mat Uschloss zu Pont-à-Bar an dem Canal latéral à l'Aisne mat Uschloss tëscht Vieux-les-Asfel an Neufchâtel-sur-Aisne.