Svoboda | Graniru | BBC Russia | Golosameriki | Facebook
Op den Inhalt sprangen

Baikalséi

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Baikalséi
Land Russland
Verwaltungseenheet Burjatien
Länner um Uwänner Russland, Mongolei
Fläch 31.722 km²
Héicht. i. M. 455,5 m
Baseng Jenissei-Baseng
Zoufloss Selenga, Bargusin, Iewescht Angara, Babkha, Bezymyannaya
Ausfloss Angara

De Baikalséi ((ru)о́зеро Байка́л osero Baikal, Burjatesch Байгал Bajgal) ass e Séi a Sibirien, am asiateschen Deel vu Russland. E läit an de Südsibiresche Bierger, op der Grenz tëscht dem Oblast Irkutsk am Westen an Norden an der Republik Burjatien am Osten a Süden. Ronderëm leie Biergketten, dorënner d'Baikalbierger, d'Bargusinbierger an d'Ulan-Burgassy-Bierger.

De Baikalséi huet eng Fläch vun 31.722 km² an ass mat 1.642 m[1] den déifsten, mat méi wéi 25 Millioune Joer den eelsten an och mat 23.615,39 km³ Volume de waasserräichste Séisswaasserséi op der Äerd[2].

Den Numm Baikal kënnt vum MongoleschenBaïgal “ (Natur).

Zanter 1996 zielt d'Baikal-Regioun zum UNESCO-Weltierwen.

336 Flëss an eng Abberzuel Baache lafen an de Baikalséi, déi gréisst dovu sinn déi Idewescht Angara, d'Selenga an de Bargusin. Säin Offloss, d'Angara, leeft iwwer de Jenisséi an d'Karamier vum Polarmier.

Am Baikalséi sinn 22 gréisser Inselen, wouvun Olchon mat enger Fläch vu 730 km² déi gréisst ass.

Sonnenuntergang auf dem See

Ënner den Uertschafte ronderëm de Séi sinn:

Eng Zweedrëttel vun de ronn 1.500 Déieren- an 1.000 Planzenaarte sinn emndeemesch.

Den Asteroid vun der bannenzeger Haaptasteroidenceinture (2776) Baikal ass nom Séi genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Tatjana Wassiljewna Kuschtewskaja: Der Baikal. Geschichte und Geschichten rund um den Baikalsee. Wostok, Berlin 2009. ISBN 978-3-932916-36-6.
  • Bodo Thöns: Den Baikalsee entdecken: die blaue Perle Sibiriens. Trescher, Berlin 2004; 2., aktualisierte Auflage 2007, ISBN 978-3-89794-100-7.
  • Heike Mall, Roger Just: Baikal. See und Region. Reisehandbuch. Reise-Know-How, Bielefeld 2005; 2., aktualisierte Auflage 2007, ISBN 978-3-8317-1546-6.
  • Klaus Bednarz: Ballade vom Baikalsee Europa, München/Wien 1998, ISBN 3-203-75504-1.
  • Sylvain Tesson: In den Wäldern Sibiriens. Tagebuch aus der Einsamkeit. Btb, München 2016, 3. Auflage, ISBN 978-3-442-71343-1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Baikalséi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. op der déifster Plaz, déi 1983 vum Leonid Kolotilo entdeckt gouf
  2. (fr)UNESCO Centre du patrimoine mondial, Lac Baïkal. UNESCO Centre du patrimoine mondial. Gekuckt de(n) 2023-12-03.