Svoboda | Graniru | BBC Russia | Golosameriki | Facebook
Op den Inhalt sprangen

Catherine Ashcroft

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Catherine Ashcroft
Gebuer 8. Abrëll 1988
Halifax
Aktivitéit Museker

D'Catherine Ashcroft, gebuer den 8. Abrëll 1988 zu Halifax am West Yorkshire, ass eng englesch Musekerin vum Irish Folk Genre.

Si ass Autodidaktin a spillt Flute an Uillean pipes[1].

Karriär an Discographie

[änneren | Quelltext änneren]

2008 huet d'Catherine Ashcroft hir éischt CD "Take Flight and Follow" an de Stenkrith Studios zu Kirkby Stephen opgeholl[2]. Do huet si de Belfast Songwriter, Multi-Instrumentalist a Sänger Maurice Dickson kennegeléiert, mat deem si zënterhier d'Grupp "Mochara" gegrënnt huet, déi keltesch Musek spillt. Den ireschen Numm heescht "mäi Frënd" op Lëtzebuergesch. D'Ashcroft an den Dickson hunn dräi Albume bis elo erausbruecht: "In Your Blood", "Ghosts And Dreamers", 2013 an "Live On The Island".

2017/18 war si mat Riverdance a China op Tour.

Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]

2007 huet si d'All Britain Awards fir Flütt an Uillean Pipes op nationalem Niveau gewonnen.

Commons: Catherine Ashcroft – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Catherine Ashcroft (Englesch) op irishmusicdaily.com, opgeholl 1. Oktober 2018
  2. "Take Flight and Follow" opgeholl an de Stenkrith Studios am Joer 2008 (Englesch), bagpipesociety.org.uk, gekuckt de 17. August 2024