Containerlueder
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Containerlueder si Gefierer oder stationär Krananlagen, déi dofir geduecht sinn, Container vun enger Plaz op eng aner ze transportéieren.
Bei de Gefierer gëtt et e puer Modeller:
De Frontlift-Containerlueder
[änneren | Quelltext änneren]De Containerlueder mat Frontlift, funktionéiert wéi e Clark, genannt no der Firma Clark, déi ënner aneren déi Gefierer materfonnt huet. En ass éischter geduecht fir méi kleng Container, bis zu 20'.
De Containerlueder mat Gräifaarm
[änneren | Quelltext änneren]De Gräifaarm.Containerlueder ass méi maniabel; e ka Container iwwer kuerz Strecken transportéieren a se jee no Gréisst, bis zu enger Héicht vun zirka 10 Meter hiewen.
De Spannebeen-Containerlueder
[änneren | Quelltext änneren]De Containerlueder mat Spannebeen, genannt no der Form, fiert op sechs oder aacht Rieder a ka souguer 53' Container droen. Seng Luedhéicht ass reduzéiert op seng eegen Héicht.