Svoboda | Graniru | BBC Russia | Golosameriki | Facebook
Op den Inhalt sprangen

Danielly Kaufmann

Vu Wikipedia
Danielly Kaufmann
Gebuer 6. Januar 1984
São Paulo

D'Danielly Kaufmann, virdru bekannt als Danielly O.M.M., gebuer de 6. Januar 1984, ass eng lëtzebuergesch-brasilianesch bildend Kënschtlerin a fréier Filmproduzentin.[1][2]

Si huet, zesumme mam Gregorio Gananian de Film Inaudito, eng Biographie vum Lanny Gordin gedréint.[3]

Als Schauspillerin huet si bei der kënschtlerescher Gestaltung vum Film Alegria é a Prova dos Nove vun der Helena Ignez matgewierkt a -gespillt.[4]

Si huet d'Koordinatioun an d'Film(virbereedungs)aarbechten vun engem Dokumentarfilm iwwer d'politesch Sensibilitéite vun der Piratepartei Lëtzebuerg gemaach, hire leschte Projet als Filmproduzentin.[1] Dëse koum awer net eraus.

  • 2009: Fala Boca! Saudades do Triunfo
  • 2011: Vias Veias
  • 2017: Inaudito[5]
  • 2018: Tea for Two
  • 2023: A alegria é a prova dos nove

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 (fr)Lëtzebuerger Land, Salut, les cousins !. Lëtzebuerger Land (2023-08-25). Gekuckt de(n) 2023-12-14.
  2. (de)Lëtzebuerger Land, Méi wéi net ofgeloost. Lëtzebuerger Land (2023-06-16). Gekuckt de(n) 2023-12-14.
  3. (pt)Inaudito (2017) | MUBI. Gekuckt de(n) 2023-12-14.
  4. 47ª Mostra Internacional de Cinema em São Paulo
  5. (pt)MUBI.