Svoboda | Graniru | BBC Russia | Golosameriki | Facebook
Op den Inhalt sprangen

Helfenter Bréck

Vu Wikipedia
Helfenter Bréck
(Helfent)
Uertsschëld op der Helfenter Bréck
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Helfenterbruck
de: Helfenterbrück
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Bartreng
Buergermeeschter M. Smit-Thijs (DP)
Koordinaten 49° 36’ 09’’ N
      06° 04’ 26’’ O

Helfenter Bréck oder einfach Helfent ass e Lieu-dit an der Gemeng Bartreng.

Helfenter Bréck läit an der Kadastersektioun Bartreng, um ëstleche Wupp vun der Gemeng Bartreng, op der Grenz mat der Stad Lëtzebuerg.

Vun der Stad aus verleeft d'Nationalstrooss 5 duerch Helfent a Richtung Westen. Vun hir aus geet den CR181 an nord-westlecher Richtung fort. Helfenter Bréck läit op enger Héicht vun ca. 280 m iwwer dem Mier.

Uertschaftsschëld (2014)

Op der topographescher Kaart vun 1907 ass de Lieu-dit mat „Mons Helfenterbruck[1]“ agedroen. Deen Numm hält sech bis 1950 ier e vereinfacht an „Helfenterbruck“ oder „Helfenterbréck“ ëmgeännert gëtt. Vun 1979 bis 2000 heescht en „Helfent-lès-Bertrange“ a zanterhier just nach „Helfent“[2].

D'Grouf (lénks) leeft an d'Péitruss

Am Flouer Ënnescht Helfent leeft d'Grouf op enger Héicht vun 275 m an d'Péitruss déi dann a Richtung Osten weiderleeft.

Zu Helfent gëtt et direkt e puer Brécken:

  • um südleche Wupp vum Riichterwee (50 Meter südlech vum Haus 295) féiert eng Bréck an Nord-Süd Richtung iwwer d'Péitruss, iwwerdeems op där Plaz eng Stroossebréck (wou d'N5 driwwer geet) a West-Ost Richtung verleeft;
  • ënner der Bréck vun der A6, déi an Nord-Süd Richtung iwwer Helfent féiert, lafen d'Eisebunn (Klengbettener Streck), d'N5, d'N34, de südleche Wupp vum Riichterwee an d'Péitruss erduerch;
  • ëstlech vun der Autobunn, um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg sinn nach zwou Brécken: eng féiert d'N5 mat der Kräizung vun der N34 iwwer d'Eisebunn iwwerdeems eng Zuchbréck iwwer d'Péitruss verleeft.
Commons: Helfenter Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. gekierzt fir „Maisons Helfenterbruck“
  2. Geoportail.lu, fir d'lescht gekuckt den 13. Abrëll 2019