Svoboda | Graniru | BBC Russia | Golosameriki | Facebook
Op den Inhalt sprangen

Sexismus

Vu Wikipedia

Sexismus ass e Virurteel oder eng Diskriminéierung opgrond vum Geschlecht, besonnesch géigeniwwer Fraen a Meedercher. Et kann d'Iwwerzeegung sinn, datt ee Geschlecht dem anere Geschlecht iwwerleeën ass oder méi wäertvoll ass wéi dat anert. Déi Iddi schränkt an, wat Männer a Jonge kënnen a sollen maachen, a wat Fraen a Meedercher kënnen a solle maachen. De Sexismus berout also op der Suppositioun, datt Fraen a Männer grondsätzlech ënnerschiddlech sinn an hir Bedierfnesser mat bestëmmte Rollen a Positiounen an der Gesellschaft verbonne sinn.[1],[2]

D'Konzept vum Sexismus gouf ursprénglech formuléiert, fir d'Bewosstsinn fir d'Ënnerdréckung vun de Meedercher an de Fraen ze schäerfen, obwuel et am 21. Joerhonnert och heiansdo ausgebreet gëtt fir och d'Ënnerdrécke vun anere Geschlechter anzebannen, dorënner ebe Männer a Jongen, Intersex an Transgender Leit.[3]

Sexismus dréckt sech ënnerschiddlech aus, dorënner a Form vun Duebelmoral, enger Reduktioun op enger Persoun hire Kierper, hiert Ausgesinn oder hier Sexualitéit, an d'Respektlosegkeet an d'Ofwäerten, meeschtens vun de Fraen.[2] Eng Extremform vum Sexismus géint Fraen ass d'Misogynie, wuertwiertlech den "Haass op Fraen".[3]

A ville Länner vun der Welt goufe Gesetzer adoptéiert fir sexistesch Diskriminéierungen ze verhënneren, dorënner och zu Lëtzebuerg.[4] Zënter 2023 ass zu Lëtzebuerg den Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité fir d'Gläichstellung tëscht Männer a Frae verantwortlech. Trotz weltwäiten Efforte si Fraen a villen Entscheedungspositiounen nach ëmmer ënnerrepresentéiert. Frae sinn och méi dacks fir onbezuelte Betreiungsaarbecht zoustänneg, méi schlecht bezuelt wéi Männer an iwwerproportional Affer vu geschlechtsspezifescher Gewalt.[1]

Den Ursprong vum Begrëff ass net kloer, mee et gëtt ugeholl, datt e vum Begrëff Rassismus inspiréiert ass.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 European Institute for Gender Equality: What is sexism?
  2. 2,0 2,1 Institut pour l'égalité des femmes et des hommes (Belsch): Sexisme
  3. 3,0 3,1 3,2 Britannica: Sexism
  4. Loi du 21 décembre 2007