Svoboda | Graniru | BBC Russia | Golosameriki | Facebook
Op den Inhalt sprangen

Victor Jungblut

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Victor Jungblut
Gebuer 25. Mee 1914
Réimech
Gestuerwen 10. Juni 1993
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Famill
Papp Michel Jungblut

De Victor Jungblut, gebuer den 24. Mee 1914 zu Réimech,[1] gestuerwen den 10. Juni 1993 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Moler.

Hie war e Jong vum Holzsculpteur Michel Jungblut an der Anna Declairfayt.[2] Säi Studium huet hien zu Bréissel op der Académie royale des beaux-arts an der deemoleger École nationale supérieure d'architecture et des arts décoratifs gemaach[1].

De Jungblut huet expressionistesch, faarweg Wierker am Pastell gemaach. Am September 1945 huet hie mat Lëtzebuerger Moler a Sculpteuren an enger Ausstellung ausgestallt, déi vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) am Palais des Beaux-Arts zu Bréissel organiséiert gouf. E Joer méi spéit, um éischten Nokrichssalon vum CAL (1946), huet hie seng gemoolt Pietà gewisen, déi no de Rezensor Léon Lommel eng vun de beschten an der Ausstellung war.[3]

De Moler huet zesumme mat de Kënschtler François Gillen, Joseph Probst an Lucien Wercollier d'Grupp Nouvelle Équipe gegrënnt an um Salon de la nouvelle équipe 1948 an 1950 ausgestallt.[4]

Hie war de Koseng vum Sculpteur Josy Jungblut.

  • Loschetter, L., 1948.... Luxemburger Wort vum 31. Mee 1948.
  • Herr, L., 1992. Anthologie des arts au Luxembourg. Éditions Émile Borschette, 464 S. (Cf. S. 173). ISBN 2-87982-034-0

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Anthologie des arts au Luxembourg, 1992, S. 173
  2. Gebuertsschäin 1914, n° 15.
  3. "Begegnung mit unser Künstlern", Luxemburger Wort, 22. Oktober 1946.
  4. Luxemburger Wort vum 22. Mee 1948, S. 2 (Link)